Vill waarm Holztéin
Fir de Bau vun dësem Haus koum vill Holz an den Asaz, dat speziell fir eng waarm a gemittlech Ambiance suergt. D‘Durabilitéit, d‘Nohaltegkeet an d‘Ästhetik vum Naturprodukt Holz si just e puer vun de Virdeeler, wann ee gläichzäiteg u seng exzellent Isolatiounscapacitéit a säi Schutz virun Hëtzt a Schall denkt. Deemno en ideaalt Baumaterial fir all déi, déi eng agreabel a gemittlech Ambiance doheem gär hunn.