Installateure fir Heizung a Sanitär (m/w/d)

Haustechnik / Eschweiler, Luxembourg

Als Verstäerkung fir eis Ekippe vun der Haustechnik siche mir Installateure fir de Beräich Heizung a Sanitär (m/w/d). JANS ass e Familljebetrib an der zweeter Generatioun, deen et sech als Zil gesat huet, héichwäerteg Immobilien aus enger Hand ze realiséieren. Gëff en Deel vun eiser Famill!

Wie mir sichen

  • Heizungs- a Sanitärinstallateuren (m/w/d) mat Beruffserfarung oder gudder Ausbildung (och gär an der Ekipp)
  • Mataarbechter, deenen d’Qualitéit vun hirer Aarbecht an d’Zefriddenheet vun de Clienten enorm wichteg ass.
  • Teamplayeren, déi Erausfuerderunge gemeinsam wëllen ugoen a meeschteren.

Wat mir offréieren

  • Méi wéi just en interessante Salaire
  • Vill Méiglechkeeten, fir dech an dengem Fachgebitt weider ze forméieren an dech perséinlech weider z’entwéckelen.
  • Attraktiv Méiglechkeeten, fir an denger Karriär ze klammen – dëst op enger sécherer Aarbechtsplaz.
  • Vill Virdeeler wéi e vun der Firma organiséierten Transport vun denger Hausdier op d’Aarbechtsplaz, héichwäerteg Aarbechtskleedung, dat aktuellsten Handwierksgeschier avm.