Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

2025 03 17 JANS Redange 01
BLOG / 05.03.2025

„Pretty Green“ Réiden – Häerzensprojet am Gréngs

Déi sympathesch Uertschaft Réiden ass zanter 2024 ëm e klengt Wunngebitt méi räich, wourop mir bei JANS immens houfreg sinn.

Am Mee 2022 koum et zum éischte Spuedestéch fir eise Projet „Pretty Green“ um Bord vu Réiden.

Wow-Effekt

D’Attributer „flott“ an „gréng“ droen dëse Projet net just am Numm. Déi generéis a linear ugeluechte Raim, déi organesch Materialer, dat oppen Dagesliicht – all dëst schaaft eng eemoleg Ästhetik an Ambiance. „Et fillt ee sech einfach wuel. 

Dat seet jiddereen, deen an dëst Haus erakënnt“, sou den Didier Lejeune, dee fir de Beräich Immobilie bei JANS responsabel ass. „Pretty Green“ huet dobäi den „Wow-Effekt“, wéi hien ëmmer nees feststellt.

Héichwäerteg banne wéi baussen

„Alles ass extreem héichwäerteg“. Vum mat Léift ugeluechte Bausseberäich mat enger Partie Beem iwwer dee mat Natursteen ausgeluechten Entréesberäich bis hin zu de Raimlechkeeten. 

Héichwäerteg banne wéi baussen

„Alles ass extreem héichwäerteg“. Vum mat Léift ugeluechte Bausseberäich mat enger Partie Beem iwwer dee mat Natursteen ausgeluechten Entréesberäich bis hin zu de Raimlechkeeten. 

2025 03 17 JANS Redange 04
2025 03 17 JANS Redange 03
2025 03 17 JANS Redange 02
3 Fotoen

Natursteen och am Interieur, stilvoll Holzelementer, en däischter gehalent Gelänner mat integréierten LED-Luuchten, dat dobäi a Kontrast steet: D’Veraarbechtung duerch d’Handwierker vu JANS, déi en héicht Mooss un Experienz a jorelaang Expertis matbréngen, konnt an héchster Prezisioun a Perfektioun realiséiert ginn. D’Léift fir d’Handwierk hëlt hei reell Formen un.

Natur puer

An dat ass nach net alles: Déi onverbaute Vue an d’Gréngs an den direkten Zougang zum Naturpark 2000 maachen „Pretty Green“ zu enger Oas vun der Rou. Nieft der Proximitéit zum Uertschaftskär vu Réiden, mat alle Commoditéiten, Geschäfter an Infrastruktur, ass et d’Lag, déi dëst klengt Wunngebitt besonnesch mécht. D’Renaturéierung vum Baachverlaf huet dozou gefouert, datt sech et eng Hellewull u Planzen an Déieren am Natura-2000-Gebitt heemesch gemaach hunn. „Dat ass eenzegaarteg!“, sou den Didier Lejeune. „Esou no am Zentrum an awer an esou enger roueger Lag, no un engem Naturschutzgebitt.“

Pretty Green füügt sech dobäi mat senger an natierleche Faarftéin gehalener Fassad an dem gelongene Baustil dezent a seng Ëmgéigend an. Dësen Aspekt nieft dem stilvollen Design an der héichwäerteger Finitioun matzedenken, ass e weider wichtegt Credo bei JANS.