Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

1 JANS Meteo RTL
BLOG / 15.04.2025

Mir bauen däin Doheem – elo och op der Tëlee

Fir den Optakt vum Joer huet sech JANS nieft dem Beräich Schantjen och nach anerwäerts an d’Zeen gesat: bei de Wiederprevisioune vun RTL Télé Lëtzebuerg.

Zu dësem aussergewéinleche Projet ass et duerch d’Initiativ vun eisem Gerant Steve Jans an eisem Chef de service Mike Elsen komm. De Sponsoring Météo Journal RTL Télé Lëtzebuerg – sou den offiziellen Numm – leeft op festen Deeg an zu fixen Auerzäite kuerz virun de Wiederprevisioune beim Sender RTL.

JANS sponsert d’Wiederprevisiounen op RTL

Fir d’Diffusioun gouf en eegene Clip produzéiert, an deem e Bauerenhaus, duerch en Ëmbau vu JANS zu enger Vakanzeresidenz, am neie Glanz erschénge gelooss gouf: Mat Ausschnëtter aus Wunnberäich, Sauna a moderner Kiche mat eenzegaartegem rustikale Charme. De Clip gëtt et, wat d’Dauer ugeet, an e puer Versiounen a schléisst um Enn mam JANS-Logo a mat eisem Slogan „Mir bauen däin Doheem“ of.

„Begleet gëtt dëse Video vun enger speziell fir dës Occasioun komponéierter Musek. Dës leeft als Corporate ID an all eise Spotten“, sou de Mike Elsen, dee virop bei der Kreatioun vum Wiedersponsoring-Video bedeelegt war. De passionéierte Kameramann huet an der Vergaangenheet selwer fir RTL geschafft a kennt sech mat der Kameraféierung an de richtege Bléckwénkele beschtens aus.

De Mann hanner der Kamera

„De Videosponsoring ass 2024 lassgaangen. Deemools hunn ech fir de Videoclip nach selwer en Deel vun de Biller gemaach. Weider Opname goufen et nach an den Archiven – doraus hunn ech dunn eppes zesummegeschnidden“, erkläert de Mike Elsen.

2025 gouf dat Ganzt dunn nei konzipéiert. Dofir gouf eng Produktiounsfirma, mat där JANS well virdrun a Verbindung stoung, mat den Dréiaarbechte beoptraagt. De Kameraprofi Mike Elsen huet awer och hei Hand ugeluecht an eng Rëtsch Sequenze selwer gefilmt.

Zuschauer-Feedback

De Feedback zu de Videospotten, déi nach bis den 31. Dezember 2025 op der lëtzebuergescher Tëlee wäerte lafen, ass bis ewell duerch d’Bänk positiv ausgefall. „D’Leit kommen op eis duerch a soen, wat fir e flotte Projet mir do realiséiert hunn. Dat freet eis natierlech an ass eng schéi Bestätegung fir déi haart Aarbecht, déi eist Team investéiert – sief et um Schantje wéi och hanner der Kamera“, sou de Steve Jans iwwer d’Réckmeldungen zum Videosponsoring.

„Et ass e schéint Gefill, déi Firma, fir déi een dagdeeglech schafft, op der Tëlee ze gesinn. Dëst dréit natierlech och fir eis Mataarbechter e Stéck wäit zu enger Identitéitsbildung bannent der Firma bäi“, sou de Mike Elsen, deen och fir JANS ëmmer nees mat der Kamera am Asaz ass. 

Abléck an d’Spotten (viru wéi och no de Wiederprevisiounen) gëtt et ënner dëser Verknëppung: