Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

JANS Blog Engagement Fußball Motorsport 01
BLOG / 18.02.2026

Engagement mat Villfalt – JANS ënnerstëtzt mat Leidenschaft

Mir bei JANS schaffen all Dag mat Häerz a Leidenschaft un der Ëmsetzung vun eise Projeten. Vun eisem Siège zu Eschweiler aus plangen a koordinéiere mir vun Ufank un all d’Wënsch vun eise Clienten. Dës déif Verwuerzlung un eis Regioun präägt eis bei allem, wat mir dagdeeglech maachen – dofir ass et fir eis och selbstverständlech, eis lokal Gemeinschaft z’ënnerstëtzen.

De Sport bitt JANS heifir genee déi richteg Plattform. Egal wat fir eng Aart: Sport bréngt d’Mënschen zesummen. E verbënnt iwwer kulturell a sproochlech Barriären ewech an huet esou villes mat JANS gemeinsam. Mat iwwer 250 Mataarbechter mat ënnerschiddlechen Originnen, Mammesproochen an Interessie kenne mir déi wäertvoll Plus-valuen, déi dës Diversitéit mat sech bréngt. Dofir investéiere mir och immens gär a lokal Veräiner.

JANS Blog Engagement Fußball Motorsport 03

Zanter iwwer 20 Joer ënnerstëtze mir Fussballsveräiner – vun der Lëtzebuerger Nationalekipp bis hin zu lokale Veräiner. Een dovunner ass den FC Wiltz 71. Teamgeescht, Fairness an de Wëllen, fir Matcher ze gewannen, si Wäerter, déi souwuel de Fussballsveräin wéi och JANS auszeechnen. 

Änlech grouss ass eis Begeeschterung fir de Motorsport. Innovatioun, Leidenschaft an de Wëllen, sech permanent weider z’entwéckelen, gehéieren hei zum Alldag. En transportéiert Emotiounen an ass esou d’perfekt Plattform, fir eise Partneren a Clienten d’Philosophie vu JANS nozebréngen – esou zum Beispill bei der legendärer Laangstreckecourse: de 24 Stonne vu Spa-Francorchamps.

„D’Parallelle leien op der Hand. An den zwee Beräicher geet et dorëms, sech permanent wieder z’entwéckelen. Dës Innovatiounskraaft liewe mir bei JANS an dës fanne mir och dagdeeglech am Motorsport zréck“, erkläert de Gerant Steve Jans. „Eise Gäscht a Partnere kënne mir dëst wonnerbar um Circuit opweisen. Egal ob um Schantjen oder am Fuererlager: eng perfekt Virbereedung, den néidegen Know-how an eng prezis Aarbecht op d’Mooss sinn essenziell fir d’Gelénge vun engem Projet. Spéitstens da gëtt jidderengem kloer, firwat JANS a Motorsport esou gutt zesummepassen.“ 

JANS Blog Engagement Fußball Motorsport 02

Domat net genuch. Och d’Leidenschaft fir Konscht a Kultur fannt ee bei JANS erëm. Lokal Theateren a Concerte leien eis och um Häerz. Aus Veranstaltunge wéi dësen zéien d’Gäscht genee esou wéi mir selwer Energie an Inspiratioun fir zukünfteg Projeten. Si bidde Raum, fir déi eege Kreativitéit z’entfalen a genee dëst ass och fir eis dagdeeglech Aarbecht vun onschätzbarem Wäert. Aus dëse Grënn ënnerstëtze mir zanter ville Joren ënner anerem Konschtausstellungen, lokal Theateropféierungen a Museksevenementer.