Fir déi bescht Erfahrung rotéiert w.e.g. Ären Telefon.

2025 03 11 JANS David Kleines 03
BLOG / 05.02.2025

Allrounder um Schantjen

Chef de dépatement vu JANS Construction: E Beruff, bei deem sozial Kompetenzen heiansdo méi wichteg si wéi da fachleche Volet.

David Kleines, Jong vun enger däitsch-belscher Handwierkerfamill a selwer geléierten Schräiner, huet sech iwwer d'Jore mat vill Fläiss an Engagement en Numm als Chef de chantier fir schlësselfäerdeg Haiser gemaach a bei JANS d'Leedung vum département Construction iwwerholl.

Seng Aarbecht bei der Firma JANS zu Lëtzebuerg huet hien op eng sëlleg Manéieren iwwer den Tellerrand erauskucke gelooss a fachlech a mënschlech gepräägt. An enker Zesummenaarbecht mat sengem Team aus Techniker an Handwierker realiséiert hien ganz individuell Dramhaiser.

Polyvalent interesséiert & engagéiert

“Fir mech war et deemools an der Schoul scho kloer, datt ech net déi ganzen Zäit am Büro sëtzen an iergendeng Saachen zeechne wëll. Dat war mir ze monoton”, sou den aktive Schaffert.

No e puer Joer an engem Schräinerbetrib huet hie bei engem bekannte Fënsterbauer geschafft. Säi Fachgebitt a seng Verantwortung hu sech am weidere Verlaf vergréissert. “Dës Responsabilitéit ze hunn, huet mech ëmmer gereizt. Et gi genuch Leit, déi net studéiert hunn, aus deenen trotzdeem awer eppes ginn ass. Wann een net mat Scheiklappen iwwer de Schantjen an duerch d’Liewe geet, da kann ee weiderkommen. A wann ech eppes maachen, da wëll ech et och richteg maachen. Ech si frou, datt meng Famill mech dobäi ëmmer ënnerstëtzt an encouragéiert huet.”

2025 03 11 JANS David Kleines 02

Eng grouss Offer

Wéi du mat Mëtt 20 d’Offer als Chef de chantier fir schlësselfäerdeg Haiser koum, war dat wéi e Schock fir de Mann aus der Ostbelsch. “Dat hätt ech ni geduecht, ech war nach esou ee jonke Borscht, ouni Experienz.” Ma wéi hie selwer seet, hätt hien all Dag eppes bäigeléiert: vun den Aarbechter, Kolleegen a Clienten. An och elo gëtt et all Dag eppes Neies. Genee dëst mécht den Job esou interessant, d’Ofwiesslung, d’Aarbecht mat de Leit, mat ënnerschiddleche Perséinlechkeeten a Charakteren.

“Fir mech ass dat Wichtegst, mat de Mënschen ze schwätzen. Ech soen och ëmmer mengen Aarbechter, si solle mir soen, wa si eppes gesinn, wat Quatsch ass. Dorop lauschteren ech. Esou kann ee sech an anerer verbesseren”, sou den 33-Järegen. Als Chef de département muss ee vill wëssen, eng zolidd Basis hunn a sech weiderbilden, sech Saache vu Fachleit erkläre loossen, d’Aen oppen halen an Interessi fir dat gesamt Beruffsfeld matbréngen. Dat geet just, wann een de Beruff lieft.

2025 03 11 JANS David Kleines 01

Vu Perfektioun a Subtilitéit

An nëmmen op dëser Grondlag kann een dann och den Kollegen den nach vläicht onwëssende Clientë mat zolittem Fachwëssen un der Säit stoen. Dëst ass awer net alles. Fangerspëtzegefill an Empathie gi gebraucht, fir d’Bezéiung mam Client opzebauen, vu wou aus een dann u Wënsch, Virstellungen a Méiglechkeeten tüftele kann. “Et muss een op d’Wënsch vum Bauhär agoen, et kann een net einfach drop lass schaffen – ëmmerhi vertraue si engem vill un.” 

Vill Leit informéiere sech och am Internet, vergläiche vill an entwéckelen deels op Grondlag vun inzenéierte Biller e Perfektiounsusproch. “Et mierkt ee schonn, datt den Usproch ëmmer méi héich gëtt. Ma et gëtt awer näischt Perfektes. Am Bau ass alles Handaarbecht an d’Saache gesinn a Realitéit dacks net esou aus wéi um PC”, sou nach de Kleines mat engem Hauch vu Resignatioun a senger Stëmm.

Probleemer léise mat Leidenschaft

No Léisunge muss ee permanent mat den Chef de chantier, Handwierker a Clienten zesumme sichen. Et geet vill drëms, d’Probleemer ze léisen, wat dem David Kleines no esou muncher een net gär mécht: Sech ëm Probleemer vun anere këmmere mussen – dëst ass villen ze vill. “Fir mech ass e Chef de chantier net onbedéngt eng Persoun, déi just technesch eng drop huet. Dat Mënschlecht ass e ganz wichtege Facteur, heiansdo souguer nach méi wichteg wéi dat Fachlecht.” Sou muss een och kapabel sinn, eng Ekipp opzestellen. “An dës hält just zu dir, wann s du si respektéiers an op hir Bedierfnisser agees”, sou nach den experimentéierte Chef de chantier. “Et gëtt ëmmer méi schwéier, zouverlässeg, qualifizéiert a letztendlech och loyal Aarbechter ze fannen. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, déi, déi een huet, wäertzeschätzen an ze halen. Mir als Chef de chantier selwer bauen d’Haus net – dat geet just mat engem agespillten, zouverlässegen Team.”