Schlësselfäerdegt Haus

Egal, ob grouss oder kleng, modern oder traditionell – d’Nofro fir Eefamilljenhaiser ass an deene leschte Jore permanent geklommen. De JANS groupe realiséiert Äert individuellt Doheem aus enger Hand.
Mir siche gemeinsam mat Iech den idealen Terrain a plangen Äert Wonschhaus – vum Opriichte vun der Dalle bis d‘Iwwerreechung vun de Schlësselen.

Déi reng Bauzäit läit nom Plangen tëschent 12 a 15 Méint. An där Zäit steet dem Client een direkten Uspriechpartner zu Säit, deen d’Ofstëmmung tëschent dem Client an de Bauaarbechter iwwerhëlt. Duerch dës intensiv Zesummenaarbecht léiere sech eis Clienten an eisen Uspriechpartner besser kennen, d‘Wënsch vun de Bauhäre kënnen den Operateuren um Schantjen op kuerzem Wee matgedeelt ginn an d’Konnschaft gëtt reegelméisseg iwwer d’Fortschrëtter um Bau informéiert.

Den Ament schaffe mir mat verschiddene Sanitäraustellungen zesummen. Dat nämmlecht gëllt fir d’Schräinereien, Parquets- a Plätterchersleeër. Donieft hu mir an eisem Siège ee Showroom, an deem déi verschidden Ausstattungsméiglechkeeten a Materialer presentéiert ginn. De Choix u Materialer trëfft de Client selwer, d’Plangen an all technesch Detailer ginn intern duerchgefouert a koordinéiert.

Mat dem Iwwerreeche vun de Schlëssele sinn d’Aarbechte vun eisen Eefamilljenhaiser ofgeschloss a kënne bewunnt ginn.

Residencen

De Clienten hiert Wuelbefanne steet fir eis un éischter Plaz.
Aus deem Grond verschaffe mir nëmmen déi bescht Materialer, fir ee confortabelt Doheem mat engem agreabele Raumklima hierzestellen. E besonnesche Wäert leeë mir heibäi op eng gutt Isoléierung, eng optimal Schallisolatioun an d’Verschaffe vu Schuetstoff fräien, net brennbare Materialer.

JANS immobilière steet fir qualitativ héichwäerteg Residencen zu Lëtzebuerg. Gemeinsam mat eise Betribsgruppe JANS constructions, JANS énergies, JANS toitures a JANS holzbau ginn Dramwunninge konzipéiert a realiséiert, déi keng Wënsch oploossen. Dat gemeinsaamt Plangen ëmfaasst all Bestanddeeler vun engem Haus, ugefaange mat der Konzeptioun vun den eenzelne Wunningen, iwwer d’Auswiel vun de Materialer, intelligente Lëftungssystemer a d‘Verdeelung vu Stroumleitunge bis hin zu der Gestaltung vun de Baussenanlagen.

Duerch déi enk Zesummenaarbecht sinn all Bauoperateure vun Ufank un um jeeweilege Projet bedeelegt. E laangwieregt Hin an Hier kann esou evitéiert a Käschte reduzéiert ginn.

Ëffentlech Gebaier

Zanter sëlleche Jore setzt de JANS groupe Bauprojete fir d’Ëffentlechkeet ëm.
Vun der Konzeptioun iwwer d’Duerchféierung vum Projet realiséiere mir alles aus enger Hand. D’Ufuerderungen un ëffentlech Gebaier ënnerscheede sech zu den Oploe fir de Bau vun Eefamilljenhaiser. Primordial heibäi sinn d’Konzeptioun an eng feelerfräi Ëmsetzung vun der Brandschutztechnik, vu Rettungsweeër a barrièrefräien Zougäng. Donieft leeë mir een héije Wäert op Energieeffizienz, fir datt d‘Heiz- a Betriibskäschten erofginn an esou d’Ëmwelt op eng nohalteg Aart a Weis geschount gëtt.

Fir eng héchstméiglechst Qualitéit unzebidden, schaffen eis Fachbetriber vun Ufank un zesummen a sinn esou entscheedend un all Schrëtt vum Plange bedeelegt. Dës enk Zesummenaarbecht gëtt beim Bau vun de Gebaier weidergefouert, andeems eis Fachaarbechter Hand an Hand de Projekt realiséieren. Zu Lëtzebuerg hu mir schon eng grouss Unzuel u Bauprojete fir d’Ëffentlechkeet ëmgesat, dorënner Schoulen, Schwämmen, Altersheemer, Parkingen, Sportsanlagen an Halen esouwéi Crèchen a Lycéeën.

Industriegebaier

Industriell Gebaier si funktionell Bauten, déi jee no Konzeptioun ënnerschidlech Ufuerderungen opweisen.
An éischter Linn ass et heibäi wichteg, datt dës Gebaier fir ee funktionellen Zweck gëeegent sinn, energieeffizient an ëmweltschounend konzipéiert a gebaut ginn. D’Verwendung vun nohaltege Bauelementer an den Asaz vun intelligenten Heizungs- a Ventilatiounssystemer ass grondleeënd fir d‘Opriichte vun industrielle Gebaier.

Eis Architekte beroden d’Bauhären intensiv, plange gemeinsam mat eise Betribsgruppen den Neibau a konzipéieren ee Gebai op Mooss, ganz no de Wënsch an Ufuerderunge vun de Clienten. Duerch d’Verwende vu Metallkonstruktiounen oder fäerdegen Elementer aus Holz oder Bëtong kënnen industriell Gebailechkeete käschten- an zäitspuerend opgeriicht ginn. Eis Betriber JANS constructions, JANS toitures, JANS holzbau a JANS énergies leeën héchste Wäert op Qualitéit, Nohaltegkeet an Ëmweltschutz.

Si schaffe vum Ufank vun der Projetsplanifikatioun Hand an Hand zesummen an hu schonn eng ganz Rei industriell Gebaier zu Lëtzebuerg opgeriicht.

Renovatioun & Ëmbau

De JANS groupe ass Ären Expert zu Lëtzebuerg am Beräich vun der Renovatioun an Ëmbau vu besteeënden Immobilien.
Eis qualifizéiert Mataarbechter profitéiere vun enger laangjäreger Erfarung op dësem Gebitt a beroden eis Clientë bei all de wichtegen Themaen. Egal, ob eng modern oder traditionell Renovatioun erwënscht ass, een Daachgeschoss vergréissert oder ee Keller ëmgebaut soll ginn – mir setzen eise Clienten hir Wënsch mat engem héchstqualitativen Usproch ëm.

Duerch eng intensiv Berodung entwéckele mir individuell Raumkonzepter, déi vun eisen hauseegene Betriber ëmgesat ginn. Gemeinsaamt Plangen, techneschen a fachlechen Know-how esouwéi kuerz Ofstëmmungsweeër garantéieren eng héichwäerteg Qualitéit an ee rechtzäitegt Fäerdegstelle vun de Bauprojeten. Esou gëtt et zu deem Objet, dee sech eis Clientë wënschen – een Doheem fir sech Wuelzefillen oder een attraktiven, héichwäertege Büro als Image de marque fir Äre Business.

Nohaltegkeet, Ëmweltschutz an Energieeffizienz spille bei der Ëmsetzung fir eis eng wichteg Roll. Esou wäerten Annexen, Ëmbauten, Wantergäert a Wellnessberäicher ëmmer den héchste Standarden entspriechen.

Baussenanlagen

„Haiser, déi glécklech maachen“: Hei ziele mir och dat individuellt Plangen esouwéi d’Gestalte vu Baussenanlagen dobäi.
Déi schéinsten an individuellsten Architektur vun engem Haus kann nëmmen dann zu Geltung kommen, wann och de Bausseberäich een Avant-goût op bannena bitt. Aus dësem Grond entwéckelt de JANS groupe aus Lëtzebuerg net just attraktiv Baussemauere vum Haus, kombinéiert mat engem personaliséierten Interieur ganz no de Wënsch vun de Clienten, ma plangt och gemeinsam mat hinnen d’Gestalte vun de Baussenanlagen.

Een harmonescht Gesamtbild beaflosst d’Wierkung no baussen hi wesentlech. Dozou gehéieren, nieft dem Gebai an der Bannenarchitektur, och d’Gestalte vum Bausseberäich. Ënnert der Berücksichtegung vun den Ëmstänn op der Plaz konzipéiere mir een individuelle Projet ganz no de Wënsch a Bedierfnesser vun eise Clienten. Gemeinsam gi Pavage, Car-Porten, Gabillioune fir d’Gaardendekoratioun, L-Elementer aus Bëtong fir den Niveauausgläich, Natursteen-Maueren an Terrasse konzipéiert, geplangt an an d’Bauphas integréiert, esou datt een eenzegaartegt Erscheinungsbild kreéiert gëtt.

Ofgeronnt gëtt alles duerch fein detailléiert Nuancë wéi Glännerstrukturen, Faarftéin, Planzen an individuelle Pavé. Esou profitéieren esouwuel d’Privat- wéi och d’Geschäftsclientë vun eisem Know-how a puncto Baussenanlagen.

Fassaden

D’Fassad vun engem Haus huet am iwwerdroene Sënn déi nämmlecht Funktioun, wéi d’Kleedung vum Mënsch.
Si schützt, couvréiert, isoléiert a representéiert. Schonn op den éischte Bléck léisst sech erkennen, wéi héichwäerteg den Objet ass respektiv fir wéi eng Zwecker ee Gebai opgeriicht gouf.

Eng Fassad ënnerstréicht d’Valeur vun engem Haus. Ob mat Holzverkleedung, Stolverkleedung, verklinkert oder verbotzt, traditionell oder modern mat grousse Fënsterenelementer – d’Konzipéiere vun der Fassad ass schonn am éischte Schratt vum Plangen ee wichtegt Element. D’Fassad soll net just schéin unzegesi sinn, ma soll besonnesch am Beräich vun der Energieeffizienz, Durabilitéit an Nohaltegkeet eng wesentlech Roll spillen. Intelligent konzipéiert Fassadekonstruktiounen droe mat hirer gudder Isolatioun dozou bäi, datt d’Wuelbefannen am Interieur klëmmt an et zu engem adäquaten Transfert vun der Wäermt kënnt.

Beim Plangen a bei der Konzeptioun vu Fassade schaffe mir Hand an Hand mat eise Betribsgruppen zesummen, fir eise Clienten de beschtméiglechste Service unzebidden an eng perfekt Ëmsetzung ze garantéieren.