JANS groupe
De JANS groupe existéiert schonn zanter méi wéi 25 Joer a gëtt (mëttlerweil) an der zweeter Generatioun geféiert.JANS constructions
Egal, ob grouss oder kleng, modern oder traditionell – d’Nofro fir Eefamilljenhaiser ass an deene leschte Jore permanent geklommen. De JANS groupe realiséiert Äert individuellt Doheem aus enger Hand. Mir siche gemeinsam mat Iech den idealen Terrain a plangen Äert Wonschhaus – vum Ausbaggere bis d‘Iwwerreechung vun de Schlësselen. Eis Konnschaft leet vill Wäert op déi beschte Qualitéit a vertraut op ee gudde Service um Client. Mat enger klammender Optragszuel huet sech eise Betrib kontinuéierlech vergréissert. Fir eise Clienten een nach bessere Service unzebidden, gouf JANS immobilère gegrënnt.Méi iwwer JANS constructions
JANS énergies plus
Mir realiséieren d'Installatioun vu modernen Heizungssystemer a fanne Léisungen op d’Mooss fir Energieeffizienz, Heizungsanlagen/Heizungen, Buedzëmmer, Ventilatiounssystemer a Klimaanlagen. Innovativ, ëmweltfrëndlech an energiespuerend Léisunge kënnen eis fachmännesch/qualifizéiert Mataarbechter a sämtlechen Objete ganz no de Wënsch vun de Clienten ubréngen. Och an de Beräicher vun Elektroinstallatioun, Domotik, Beliichtung, Video-Iwwerwaachung an Alarmanlage kann de Client op eis Erfarung an Expertise zielen/vertrauen. Déi technesch Planung kënnt bei JANS énergies plus aus enger Hand. Am Joer 2012 gouf eise Portfolio mat der Grënnung vu JANS toitures erweidert.Méi iwwer JANS énergies plus
JANS immobilière
Dank eiser zolitter Erfarung, déi zanter 1998 um lëtzebuergeschen Immobiliemarché gesammelt gouf, ass JANS immobilière Äre Partner fir Ären Immobilieprojet. Interesséiert Dir Iech fir ee Projet, fir an een Objet z’investéieren, een ze lounen oder ze verkafen? Mir ginn eis Méi, Är Ufuerderungen z’erfëllen a fir Iech deen idealen Objet ze fannen. Fir deene klammenden energeteschen Oploe gerecht ze ginn, gouf JANS énergies gegrënnt.Méi iwwer JANS immobilière
JANS toitures
Ee gutt Haus ass virun allem ee perfekt isoléiert Haus. Ee schlechten Daach féiert zu onnéidegem Energieverbrauch, Problemer mat der Ofdichtung an Isoléierung, mécht sech duerch de Wiederëmschwong (Reen, Wand, Schnéi, Frascht) bemierkbar, verursaacht laangfristeg negativ Auswierkunge fir d’Doheem an d’Wuelbefannen. Deemno muss een Daach an engem impeccabelen Zoustand sinn, fir den optimale Schutz d’ganzt Joer iwwer ze garantéieren.Méi iwwer JANS toitures
1991
Zanter 1991 hu méi wéi 800 Bauhären op eis Qualitéit als Entreprener vertraut.
PROJETEN
