Air-Dome vun der FLF

108m laang, 60m breet an 19m héich, dat sinn d’Moossen vum “Air Dome” zu Monnerech.
Fir dass dës an Lëtzebuerg eemoleg Constructioun elo schon der FLF zu Verfügung steet waren eng ganz réi Preparatiounsaarbecht noutwendeg.
Dozou gehéieren d’Terrassement, d’Fondatiounen, d’Betonéieren vun den Baussemaueren. D’Preparatioun vun 5km Verkabelungen wéi och all den Uschlëss fir Gas, Waasser a Stroum.
Et goufen iwwer 6000 Quadratmeter macadamiséiert, een Drainage geluecht an een Waasser- Rückhaltebecken gebaut.
Zum Ofschloss realiséiert JANS och nach d’Alentouren ronderëm den „Air Dome“
All dës Etappen hunn eng optimal Koordinatioun wéi och een vigoréisen Suivi vum Chantier verlaangt, wat et erméiglecht huet se all am Zäitraum vun Mee bis elo faerdech ze stellen.
Mir weisen Iech haut Fotoen vun Chantier wéi och dem “Opblosen”, wat eng vun den leschten Etappen ass ier den Terrain genotzt kann ginn.

Air Dome FLF - avant gonflage à mondercange
Préparation du terrain pour la pose du Air dome
Préparation du terrain pour la pose du Air dome
Air Dome FLF à Mondercange
Début gonflage du air dome
Vue de l'intérieur pendant le gonflage
Air Dome FLF - avant gonflage à mondercange
Air Dome FLF - avant gonflage à mondercange

Iech gefält dëse Post? Loosst eis et mat engem Facebook like wëssen.

Comments

No comments found.